Lectures en public

Kinderlesung im Aquatower

Literaturm im Aquatower

02.04.2017
10:30:00 - 12:00:00
Umeldung ass obligatoresch via: aquatower@berdorf.lu

Sonndes, 02.04.2017 vu 10h30 - 12h00, gëtt et fir Kanner vun 3-8 Joer, eng Lies-Matinée 50 Meter iwwert dem Buedem.

2 Nouveautéiten:

  • eng nei Geschicht vun der klenger Prinzessin: „Ech wëll meng Hänn net wäschen“,
  • eng nei Story vum faarweg karéierten Elefant Elmar: „Den Elmar an d’Course“,

Et ginn och nach virgestallt:

  • „A mengem klengen Häerz“ déi d‘Christiane Kremer op Lëtzebuergesch iwwersat huet.
  • „D’Linn Lynn“ handelt sech vun de Méiglechkeete vun engem Stréch. T’geet ëm Formen, Faarwen a Gefiller“. Fir kleng a fir grouss Kanner ass dës Geschicht vum Luc Marteling.

Entrée:
5,50 Euro pro Persoun/Kand
Abegraff: Montée op de Waassertuerm a Liesung, eng Taass Kaffi/Téi oder e Glas Jus an e Croissant.

 

 



 

Aquatower Berdorf
106a rue de Consdorf
L-6551 BERDORF

Plus d'infos